Ofschloss vun der Ausbildung 2019 fir Baby-Sitter an der Gemeng Hesper

Foto vun Stefano Polignano



22 July 2019

Den 13. Juli huet de "Baby-Sitting an der Gemeng Hesper a.s.b.l." an Zesummenaarbecht mat dem Jugendhaus Hesper fir d'Gemeng Hesper eng Ausbildung fir Baby-Sitter organiséiert. 11 Baby-Sitter waren dobäi an kruten den Emgang mat Babyen a Kanner, Spiller, Sëcherheet, Organisatioun an soss alles wat e gudde Baby-Sitter wësse muss bäibruecht. Um Enn vum Dag konnte mir alle Kandidaten en Diplom als Baby-Sitter iwwerreechen. Si stinn ab elo op eiser Baby-Sitter-Lëscht. Wann dir e Baby-Sitter braucht, da kënnt dir Iech bei eis mellen. Ausserdeem hu mir och eng Lëscht vu jonke Leit, déi de Kanner an der Grondschoul Nohëllef doheem ginn.